Déi nei App soll hëllefen, d'Gestioun vum Knascht am Stot méi einfach ze maachen.

Wéi een Dag, wéi eng Zort Knascht a wéi enger Poubelle virun d'Dir setzen?

Dës Fro kennt Jiddereen: eng App soll hëllefen, fir d'Gestioun vum Knascht am Stot méi einfach ze maachen.

D'gratis App "Mäin Offall - meng Ressourcen" vun der Ëmweltverwaltung ka vun dësem Méindeg un erofgeluede ginn.

Praktesch ass, datt een den Offall-Kalenner aus 86 Gemenge consultéiere kann an datt ee sech ka Rappellen um Handy astellen, fir dee richteg triéierte Knascht um richtegen Dag erauszesetzen.

Op enger interaktiver Kaart sinn och all d'Container-Sammelplazen am Land agedroen, zum Beispill fir Pabeier a Glas.

Zu de Gemengen, déi op der App vertruede sinn, gehéieren ënner anerem d'Stad, Esch an Déifferdeng, iwwerdeems der 16 net matgemaach hunn.