Mat aktive User si Leit gemengt, déi sech op d'mannst ee Mol de Mount aloggen. Fir dëse Status z'erreechen, huet déi chinesesch Plattform 4 Joer gebraucht.

Zanter Juli 2020 koumen iwwer 300 Millioune User dobäi. Tiktok war zwar scho virun der Pandemie bekannt, ma huet effektiv vun de Confiementer, dem Homeschooling an dem Teletravail massiv profitéiert.

Am Ufank waren d'Video maximal 15 Sekonne laang, ma dëst gouf op eng Minutt an dono op 3 Minutten eropgesat. Domadder wollt ee Youtube Konkurrenz maachen, déi aktuell awer eng 2,3 Milliarden aktiv User hunn.

Fir nach méi Leit op sech opmierksam ze maachen, huet Tiktok déi leschte Jore massiv Reklamm fir sech gemaach. Eng gréisser Ännerung koum am August 2021. Duerch dës ass et elo méiglech, datt User Produiten, déi vun de "Creators" ugebuede ginn, direkt iwwert d'Plattform kënne kafen.