Domadder reagéiert Russland op d'Aktioun vu Youtube, déi déi däitsch Versioun vun "Russia Today" op der Plattform gespaart hunn.

Russland wërft YouTube domadder Zensur vir. Vum Ausseministère heescht et da weider, datt een och änlech Mesuren a Russland kéint huelen, dat géint däitsch Medien.

YouTube hat "RT DE" an "Der Fehlende Part" gespaart, dat well d'Kanäl géint d'Richtlinne vum Online-Video-Gigant verstouss hunn, dat am Kader vu Berichter iwwert d'Corona-Pandemie. "Bei YouTube gëllen zanter ëmmer kloer Richtlinnen, wéi eng definéieren, wat op der Plattform erlaabt ass a wat net", esou e Spriecher vu YouTube. Russia Today krut domadder verbueden, weider Videoen op hirem däitsche Kanal eropzelueden.

RT DE hätt awer dorops probéiert, dës Spär z'ëmgoen, andeem si hiert Material iwwer aner User op YouTube bruecht hunn, dowéinst huet een decidéiert, béid Säite komplett ze spären. RT DE hat iwwer 600.000 Follower.

International gëtt RT, fréier Russia Today, als Sproochrouer vum Kreml ugesinn. De Medium sent, nieft Russesch, och op Däitsch, Englesch, Franséisch, Spuenesch an Arabesch. RT publizéiert an Däitschland online Videoen, well ee bis elo nach keng Lizenz fir d'Ausstralung vun engem Tëleessender krut. A verschiddene Länner, dorënner Litauen a Lettland, ass RT esouguer komplett verbueden.