E Geriicht an Australien huet decidéiert, datt Mediekonzerner fir d'Kommentare vun Notzer op hiren Internetsäite bierge mussen.

Aus deem Grond huet CNN en Donneschdeg den Zougrëff vun User mat enger australescher IP gespaart. D'Entreprise hat Facebook zwar dozou opgefuerdert, d'Kommentarfunktioun fir Notzer aus Australien ze desaktivéieren, ma den Online-Konzern wollt dat awer net. De Sender ass enttäuscht vun der Decisioun a fënnt, datt Facebook "et rëm net gepackt huet, ze garantéieren, datt d'Plattform eng Plaz fir seriöe Journalismus a produktiven Dialog iwwer aktuell Evenementer ënnert sengen Notzer ass".

Zanter Mäerz kënne Säiten op Facebook zwar d'Kommentare fir bestëmmte Posts desaktivéieren, ma déi gewënschte Funktioun fir d'Ofschalte vu komplette Säiten, gouf net ëmgesat. E Sprieche vu Facebook erkläert, datt et net d'Aufgab vun der Entreprise wier, dem Sender "rechtlech Hëllef ze leeschten".

De Konflikt geet op ee fréiere Prisonéier zeréck. Hien hat eng Plainte gemaach, well op de Facebook-Säite vun den Zeitungen "Sydney Morning Herald", "The Australian" an "Sky News" falsche Contenu iwwert hie verbreet gi war.