Twitch gëtt virun allem vu Gamer benotzt, déi op der Plattform streamen. De Leak kéint fir de Service nach schwéier Suitten hunn.

D'Streaming-Plattform Twitch, déi viru Kuerzem vun Amazon opkaaft ginn ass, ass Affer vun engem gréisseren Dateklau ginn. Am Internet gouf een Datepak publizéiert, an deem dem onbekannte Poster no dee komplette Programméiercode vun der Plattform ze fannen ass. Twitch huet zouginn, selwer um Ugrëff Schold ze sinn. D'Date wieren duerch e Feeler an der Server-Konfiguratioun ongeschützt am Internet erreechbar gewiescht.

Twitch gëtt virun allem vu Gamer benotzt, déi dorop live iwwerdroen, wéi se Videospiller spillen. Zu den Daten, déi elo zirkuléieren, sollen ënnert anerem och d'Paie vun den Twitch-Streamere gehéieren. De Leak kéint fir Twitch grouss Folgen hunn: Well d'Quelltexter vun der Plattform och zougänglech gemaach gi sinn, kéinte Cyberkrimineller des Donnéeën notzen, fir no anere Schwaachstellen am System ze sichen.

Twitch huet iwwerdeems gesot, et géing keng Hiweiser dorop ginn, dat d'Login-Donnéeë vu Usere geklaut goufen. Och d'Donnéeë vu Kreditkaarte wiere sécher, well déi ni komplett op der Plattform gespäichert géinge ginn.