D'Entreprisë wäerte keng Publicitéit méi mat Contenu schalten, deen de Klimawandel dementéiert oder de Grënn dofir widdersprécht.

Och op aner Aart a Weisen, wéi der Bezuelung vun Inhalter, soll mat Falschinformatioune keng Sue méi verdéngt ginn. Dat huet Google en Donneschdeg matgedeelt.

Deem neie Reglement no géif et sech bei esou Behaaptungen an Informatiounen iwwert de Klimawandel ëm Bedruch handelen. Och d'Äerderwiermung an den Undeel vun der Mënschheet un der Entwécklung als falsch duerzestellen, soll deemno sanktionéiert ginn.

"Vill Clientë wëllen hir Reklammen einfach net nieft esou engem Contenu gesinn", erkläert d'Entreprise, déi d'Nummer eent bei der Publicitéit um Internet ass. Den Ausschloss vu Klimawandel-Géigner géif och a Relatioun mat de Beméiunge vu Google stoen, méi nohalteg ze ginn an esou zu der Lutte géint d'Äerderwiermung bäizedroen.

Déi "wichteg Decisioun" vu Google, de Produzente vu Falschinformatiounen iwwer d'Klima de Krunn zouzedréien, kéint "e Wiessel bei an der Klima-Géigner-Industrie aleeden", sot d'Netregierungsorganisatioun Avaaz. Dräi Woche virun der UN-Klimakonferenz zu Glasgow hätte falsch Noriichten iwwert de Klimawandel Héichkonjunktur.

Jorelaang hätte Klima-Falschinformatiounen déi ëffentlech Meenung deroutéiert a politesch Decisioune géint de Klimawandel behënnert. YouTube wier hir Waff gewiescht. Avaaz fuerdert elo, datt aner Plattforme wéi Facebook dëst och ëmsetzen.