D'Plattform hätt de Kanal-Bedreiwer net konkreet genuch matgedeelt, wéi eng Passagë problematesch wieren, dowéinst wier d'Läschen net richteg gewiescht.

YouTube huet enger urgenter Decisioun vum Landgeriicht Köln no zwee Videoe vun der Protest-Aktioun #allesaufdentisch zu Onrecht geläscht. D'Plattform hätt de Bedreiwer vum Kanal net konkreet genuch matgedeelt, wéi eng Passagen hirer Meenung no géint wéi eng Virschrëfte vun hirer Richtlinn verstoussen. Dat huet d'Spriecherin vum Geriicht e Méindeg matgedeelt.

D'Bild-Zeitung zitéiert aus der Decisioun, datt YouTube nëmme bei "enger offensichtlecher, op den éischte Bléck erkennbarer medezinescher Feelinformatioun" Videoe läschen dierf, ouni konkreet problematesch Passagen ze nennen. Déi geläschten Interviewe wieren awer "méi laang Videoen", déi "och eng sëllegen eendeiteg Aussoen enthalen". Informatioune vun der "Bild" no waren e puer Videoe geläscht ginn, an deene Kënschtler Wëssenschaftler zu hirer Kritik un der Corona-Politik befrot haten.

D'Deliberatioun vum Geriicht gëtt awer eréischt wierksam, wa se YouTube zougestallt ginn ass. D'Plattform kann dann awer och an Appell goen an da géif den Tribunal civil iwwer d'Aktioun decidéieren. Vu YouTube gouf et bis ewell nach keng Äntwert. Weeder zu der Läschaktioun, nach zu der Decisioun vum Geriicht.