Den US-Mammekonzern Meta begrënnt dëse Schrëtt en Dënschdeg mat Dateschutzgrënn. Och déi noutwenneg Date vu méi wéi enger Milliard Notzer goufe geläscht.

Meta huet matgedeelt, datt et vill Bedenken iwwert d'Plaz vun der Gesiichtserkennung an der Gesellschaft géif ginn an d'Autoritéite nach ëmmer dobäi wieren, kloer Reegele fir hir Notzung opzestellen. Opgrond vun der "Onsécherheet" wier et besser d'Gesiichtserkennung "op eng begrenzten Zuel vun Asätz ze beschränken". Wéini dat a Kraaft triede soll, ass awer nach onkloer.

Méi wéi een Drëttel vun den deeglech aktive Facebook-Notzer hat sech Informatioune vu Facebook no zanter der Aféierung vum System 2010 "fir hir Gesiichtserkennungsastellungen decidéiert". Den Tool sollt Persounen op Fotoen oder Videoen automatesch erkennen an déi Betraffen doriwwer informéieren. An der lescht hätt et awer ëmmer méi Bedenke wéinst dem Dateschutz ginn.

Déi kalifornesch Entreprise stécht de Moment an der schwéierster Kris zanter hirer Grënnung. Meta gëtt ënnert anerem virgeworf, net genuch géint d'Verbreedung vun Haass a Mobbing op senge Plattforme virzegoen. Donieft géif d'Firma d'Privatsphär vun hire Notzer net respektéieren, als Lautsprecher fir geféierlech Falschinformatiounen déngen an dem Wuelbefanne vu jonken Internetnotzer schueden.

Vir d'lescht hunn Opklärunge vun der Whistleblowerin a fréierer Facebook-Mataarbechterin Frances Haugen fir Opreegung gesuergt. Si wërft Meta vir, den eegene Profit iwwert d'Sécherheet vu senge Notzer an dem Allgemengwuel ze stellen. D'Virwërf goufen direkt vun der Firma verworf.