E Computer, dee viru 45 Joer vum Steve Jobs a Steve Wozniak eegenhänneg zesummegebaut gouf, ass en Dënschdeg fir 345.000 Euro ënnert den Hummer komm.

De sougenannte "Chaffey College" ass ee vun 200 Computer, déi den Jobs an de Wozniak um Ufank vun hirer Karriär an enger Garage gebaut hunn. Déi meescht vun de Computer goufen deemools fir 666,66 Dollar verkaf.

Dat Besonnescht um versteete Modell: Eng Handvoll vun deenen éischten 200 Computer ass mat Holz vun enger "Koa-Akazie" aus Hawaii hiergestallt ginn. Esou och de versteeten Apple 1. Dem Auktiounshaus no existéieren haut nëmmen nach sechs Stéck vun deem Modell. Well den Jobs a Wozniak den Apple 1 gréisstendeels als Bausaz verkaf hunn, huet e Computerbuttek, dee ronn 50 Computer bestallt hat, verschiddener dovu mam Holz verkleet.