Scho viru Méint hu Facebook an Instagram d'"Like"-Funktioun op hire Portaler ugepasst, fir Haass op Kanäl ze miniméieren. Elo zitt och d'Videoplattform no.

YouTube wäert an Zukunft net méi uweisen, wéi vill negativ Bewäertungen e Video krut. De Knäppche mam Daum no ënne kann een an Zukunft zwar weiderhin uklicken, d'"Dislike"-Zuele wäerten awer nëmme fir de Bedreiwer vum Kanal siichtbar sinn.

De Problem ass, dass de Knäppchen dacks fir Campagnë géint eenzel Notzer mëssbraucht gouf. Doduerch, datt een déi negativ Zuelen net méi gesäit, kéint e Video awer och riskéiere manner verbreet ze ginn. Op de Choix vu Videoen, déi eenzel Notzer virgeschloe ginn, wäerten déi perséinlech "Dislikes" allerdéngs weiderhin en Afloss hunn, erkläert YouTube.

D'Uweise vu "Likes" wier vun der Ännerung net betraff. Hei wielt d'Videoportal een anere Wee wéi Instagram a Facebook, wou d'Notzer zanter engem hallwe Joer op d'Uweise vun "Like"-Zuele verzichte kënnen. Een "Dislike"-Knäppchen hu Facebook an Instagram souwisou net.