5G ass déi 5. Generatioun vu Standard an der mobiler Telephonie.

Déi Technologie verbreet sech rasant séier iwwert eise Planéit, well se méi Performance versprécht a méi breet kann agesat ginn, wéi de konventionelle 4G. Mä 5G stéisst awer och bei villen op Skepsis a Widderstand… an op Angscht ëm d’Gesondheet, och wann déi wëssenschaftlech onbegrënnt ass. Am Géigendeel, duerch 5G kënnen esouguer Liewe gerett ginn. De Petz Bartz mat engem Beispill, wéi d’Technologie am Ausland schonn agesat gëtt.

Sech an enger Noutsituatioun, op engem Accident, bei engem Brand séier e kompletten Iwwerbléck verschafen. 5G-konnektéiert Drone wäerten do an Zukunft eng elementar Hëllef si fir Pompjeeën an aner Noutdéngschter. De Chris McCall, Dronepionéier:

"Zäit ass essentiell. Wat der méi séier méi wësst, wat der éischter eng adaptéiert Decisioun kënnt huele, wat besser. Duerfir ass d’5G-Technologie exzellent.

Dir kënnt iech e Pompjee virstellen, deen op engem Asaz ukënnt. En dréckt op e Knäppchen an eng autonom Dron geet op eng Héicht vu 45 Meter. Vun do liwwert se thermesch Biller a normal Videoen erof bei d’Pompjeeën am Asazwon, awer och zréck an d’Zentral, fir dass kënnen Entscheedunge geholl ginn a verstane gëtt, vu wou aus eng Gefor oder Urgence ausgeet."

Et kéint ee sech virstellen, dass déi 5G-Technologie och a Kriseregiounen, zum Beispill no Äerdbiewen, sënnvoll wier. Duerch d'Thermographie wier et méiglech erauszefannen, wou nach Persoune vergruewe sinn, fir méi geziilt ze sichen.

De Gilles Hoffmann vun emergency.lu:

"D’Asätz vun emergency.lu haut lafen iwwer Satellitteconnectioune mat dann engem Zougank iwwer Wifi. Et huet de Virdeel, dass et weltwäit funktionéiert. Awer och 5G zielt an ëmmer méi Länner op der Welt schonn zum Alldag, iwwerdeems d’Fuerschung scho laang mam 6G befaasst ass, déi dann d’Méiglechkeet opdeet vun der Teleportatioun."