Ronn 290 Milliounen Euro kascht d'"Dart"-Missioun: D'US-Raumfaartagence wëll mat enger Sonde en Asteroid vu senger Fluchbunn ofbréngen. Elo ass se um Wee.

Et ass déi éischte Kéier, dass d'Nasa eng Sonde starte léisst, déi mat Absicht an en Asteroid knuppen an doduerch deem seng Fluchbunn verännere soll. D'Sonde ass e Mëttwoch de Moien eiser Zäit mat der Hëllef vun enger "Falcon 9"-Rakéit vu Kalifornien aus gestart.

Nächsten Oktober soll d'Sonde, déi méi kleng wéi en Auto a vun zwee laange Solarpannoen ëmginn ass, den Asteroid Dimorphos treffen. D'Nasa erhofft sech vun där ronn 290 Milliounen Euro deierer Missioun "Dart" Informatiounen doriwwer, wéi d'Äerd virun Asteroide geschützt ka ginn, déi op eis duerfléien.

Den Dimorphos, deen den Didymos-Asteroid ëmkreest huet en Duerchmiesser vun 160 Meter an eng Vitess vu ronn 24.000 Kilometer an der Stonn. Den Ament géif den Dimorphos de Berechnunge vun der Nasa no keng Gefor fir d'Äerd duerstellen. Ma d'Missioun wier esou geplangt, datt den Asteroid och nom Opprall mat der Sonde, déi nëmmen eng Kamera u Bord huet, weider keng Gefor duerstellt.

RTL

© NASA/AFP/Bill INGALLS

Nom Opprall soll déi ronn zwielef Stonne laang Ëmlafbunn vun Dimorphos ëm op d'mannst 73 Sekonnen a méiglecherweis bis zu zéng Minutte méi kuerz sinn. 2024 soll d'ESA, déi europäesch Raumfaartagence, hir Missioun "Hera" starten, fir d'Auswierkunge vum Opprall méi genee ze analyséieren.

Den Ament géif et keen Asteroid ginn, deen an der nächster Zäit direkt op d'Äerd duerfléie kéint. Fuerscher hunn awer ronn 27.000 Asteroiden an der Géigend vun eisem Planéit identifizéiert, vun deene ronn 10.000 en Duerchmiesser vu méi wéi 140 Meter hätten.