Wann de PC oder de Mac streikt, dann hëlleft de Patrick Villar Meneses. Dobäi steet hien de Leit zur Säit, ouni datt hien Tariffer fir seng Servicer freet.

Zum Deel mécht de Patrick Villar Meneses seng Aarbecht gratis. Ma hien huet eng grouss Clientèle opgebaut an deenen 10 Joer, an deenen hien dat elo schonn a Vollzäit a sengem Een-Mann-Betrib mécht. Iwwer 1000 Computeren huet hie fir Leit zesummegebaut, hien hëlleft awer och, wa Problemer mat Updaten oder och der Hardware besteet. Hien ass en Autodidakt, huet sech alles selwer bäibruecht an him mécht et och Freed, de Leit ze hëllefen, déi net sou gutt mat modernen Technologien eens ginn.

"Wann ech zum Beispill Date vun engem ka retten, d’Kandheetsfotoen an alles, dat freet mech ëmmer, d'Leit ze gesinn, wéi frou se sinn, wa se d'Saachen erëm zréck gesinn."

Besonnesch an der Zäit vum Lockdown hu sech nach méi Leit bei him gemellt, wa se mat der Technik net eens gi sinn. Esou dat hien dunn och Video-Tutorials fir Themen Online gesat huet, fir méi séier an einfach ze hëllefen. Dës Zäit vum Joer ass och eng, wou ganz vill Demandë kommen, wéinst dem Black Friday.

Am Reportage ginn et weider Detailer zu "iHelef", e méi aussergewéinlecht Konzept, ma eent dat funktionéiert, well vill Leit de Patrick Villar Meneses awer fir seng Servicer entlounen.