Ee vun de Grënner an den aktuelle Chef vum soziale Reseau Twitter, den Jack Dorsey, trëtt vu sengem Posten zeréck.

Dem 45 Joer ale Mann säi Successeur soll den Technologie-Chef Parag Agrawal ginn. Dat huet Twitter de Méindeg bekannt ginn. Bis zum nächste Joer well den Dorsey awer Member vum Verwaltungsrot bleiwen.

Den Jack Dorsey huet dozou gesot: "Ech hu mech dozou decidéiert, Twitter ze verloossen, well ech mengen, datt de Betrib prett ass, ouni seng Grënner wieder ze maachen." Hien hätt déift Vertrauen an de Parag Agrawal als neie Chef.

2006 hat den Dorsey Twitter zesumme mat den anere Grënner an d'Liewe geruff. Zwee Joer méi spéit hat hien déi aktiv Geschäfter ofginn, ier hien 2015 nees zeréck koum. Vum Magasinn "Forbes" gëtt säi Verméigen op ronn 11,8 Milliarden Dollar, ëmgerechent ronn 10,4 Milliarden Euro, geschat.