Eigentlech sollten d'US-Astronauten Thomas Marshburn a Kayla Barron eng defekt Antenn un der ISS reparéieren. Ma den Asaz gouf kuerzfristeg verluecht.

E puer Stonne virum geplangte Start hat d'US-Weltraumagence Nasa e Baussenasaz un der Internationaler Raumstatioun ofgesot. D'US-Astronauten hätten eigentlech eng méi wéi 20 Joer al Antenn reparéiere sollen. Dat mat Ersatzdeeler, déi virop vun der Äerd geliwwert goufen an un der Baussesäit vun der Statioun gelagert sinn.

Et géifen zwar nach weider esou Antennenanlagen un der Statioun ginn, déi funktionéieren, trotzdeem hate sech d'ISS-Organisateure fir en Tosch decidéiert. Well et awer eng erhéichte Gefor fir déi zwee Astronauten géif ginn, vun engem Stéck Weltraumschrott getraff ze ginn, hätt een den Asaz verréckelt. Vun engem Stéck getraff ze ginn, wier extreem geféierlech, well d'Gestécks mat enger Vitess vu villen dausende Kilometer an der Stonn ënnerwee wier.

Ob dat vun der Nasa ernimmte Stéck op den Test vun enger russescher Anti-Satellittewaff Mëtt November zréckgeet, wier virop net gewosst. Beim onugekënnegten Ofschoss vun engem Spionagesatellit wieren eng sëllege Stécker entstanen, vun deene vill och d'Bunn vun der ISS kräize géifen. Virun allem aus den USA hat et vill Kritik u Russland ginn.

En Astrophysiker vum "Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics" hätt en Dënschdeg d'Bunndate vun 105 bekannte Stécker vum Ofschoss analyséiert an dobäi kee Rapprochement un d'ISS am Zäitraum vum geplangten Asaz fonnt. Allerdéngs géif d'Nasa vun eleng 1.700 gréissere Fragmenter ausgoen, vun deenen et mat der Zäit duerch Kollisiounen tëscht de Stécker nach vill méi solle ginn.