2.048 Konten hunn d'Duerstellung vun der Kommunistescher Partei China mam Ëmgang mat der muslimescher Mannerheet vun den Uigure verbreet.

112 weider gespaarte Konten haten eng Verbindung zu enger Firm agestanen, déi vun der Regionalregierung vun der Provënz Xinjiang ënnerstëtzt gëtt, an där d'Uigure liewen.

De Mënscherechtsorganisatiounen a Fuerscher no sinn a Xinjiang iwwer eng Millioun Uiguren an aner Moslemen a Honnerte Lager agespaart. Si ginn do forcéiert hir Relioun, Kultur a Sprooch opzeginn a gi mësshandelt, soen Aktivisten.Déi chinesesch Regierung schwätzt vu "Bildungszenteren", déi dem Kampf géint islamistesch Radikaliséierung notzen.

Am Ganzen ass Twitter géint presuméiert Propaganda-Konten a 6 Länner virgaangen. Nieft China, waren dat Mexiko, Russland, Tansania, Uganda a Venezuela.