Den Ex-US-President hat jo schonn, nodeem hie vun de soziale Medie verbannt gouf, annoncéiert, datt hien eng eege Plattform grënne géif.

"Truth Social" soll dës Plattform, déi e Géigenentworf zu der "Tyrannei" vun de groussen Tech-Entreprise wier, heeschen. D'Firma, déi dës Plattform entwéckelt, huet elo e Vertrag mam kanadesche Streamingdéngschleeschter "Rumble" ofgeschloss. Dat huet d'Trump Media Technology Group, kuerz TMTG, matgedeelt.

Rumble, déi bei Konservativen e beléifte Videodéngschtleeschter ass, wäert d'Technologie, d'Cloud an d'Déngschtleeschtunge fir dem Trump seng Plattform bereetstellen. Nieft dem soziale Medium "Truth Social" plangt de Milliardär elo wuel och en eegene Videodéngscht, deen op Abonnementer baséiert ass, a wuel TMTG+ soll heeschen.