Eng Sonde vun der Nasa ass duerch déi baussecht Atmosphär vun der Sonn geflunn. D'Raumfaartagence erhofft sech nei Erkenntnisser dovun.

D'Nasa-Sonde "Parker Solar Probe" wier der Raumfaartagence no domat deen éischten ierdesche Fluchkierper, deen dëse Stär "beréiert". D'Sonde hätt an der sougenannter Sonnekorona Partikel a Magnéitfelder analyséiert. Dat huet d'Nasa en Dënschdeg matgedeelt. Den éischte Fluch duerch d'Sonnekorona hätt nëmmen e puer Stonne gedauert, weider Flich wiere geplangt.

Den Nasa-Manager huet vun engem "monumentale Moment" an enger "bemierkenswäerter Leeschtung" geschwat. Vun dësem "Meilesteen" géif ee sech net nëmmen "déif Asiichten an d'Entsteeung vun der Sonn an hirem Afloss op de Sonnesystem" liwweren, mä och "alles dat, wat mir iwwert eisen eegene Stär léieren, wäert och méi iwwer Stären am Rescht vum Universum" bäibréngen.

D'"Parker Solar Probe" war am August 2018 gestart an schonn e puer Méint méi spéit sou no un d'Sonn komm wéi keen aneren Objet virdrun, dee vu Mënschen hiergestallt gouf. Deemools war d'Sonde méi no wéi 42,7 Millioune Kilometer un d'Sonn erukomm an hat domat den am Abrëll 1976 opgestallte Rekord vun der däitsch-amerikanescher "Helios 2"-Sonde gebrach.

Zanterdeem kënnt d"Parker Solar Probe" der Sonn ëmmer méi no a kreest a groussen elliptesche Bunnen ronderëm se. D'Sonde ass ronn 7.000 Kilo schwéier, sou grouss wéi en Auto a gëtt vun engem bal zwielef Zentimeter décken Karbonpanzer geschützt. Dëst well se méi Hëtzt a Stralung aushale muss, wéi aner Fluchkierper.

Een Zil vun der Missioun, déi bis 2025 goe soll, ass, erauszefannen, wisou d'Sonnenatmosphär méi waarm gëtt, wat ee méi wäit ewech ass. D'Uewerfläch vun der Sonn ass nëmmen 5.500 Grad waarm, wougéint et an der Korona Temperature vu bis zu 5,6 Millioune Grad ginn. Bis haut wësse Fuerscher net genee, wisou dat esou ass.

Donieft soll d'Missioun och klären wat de Sonnewand undreift. Also de Stroum vu Protonen, Elektronen an anere Fragmenter, déi d'Korona a Richtung Äerd schéisst an déi d'Stroumnetz vun der Äerd a Kommunikatiounssatellitten erhieflech stéieren. Astronomen erhoffe sech vun den Donnéeë vun der Sonde besser Previsiounsméiglechkeete fir esou Stierm.