D'Konspiratiounsmythen iwwer de 5G hunn e Marché fir presuméiert "Straleschutzschëld"-Braceleten entstoe gelooss. Dës sinn awer deels radioaktiv.

Déi hollännesch Agence fir nuklear Sécherheet a Straleschutz informéiert eigentlech iwwer Theeme wéi "Atomdreckstransporter" oder nei nuklear Fuerschungslaboen. Ma en Donneschdeg huet d'Agence allerdéngs e Rapport mat engem absurden Titel publizéiert: "Hutt Dir e Quanten-Unhänger oder Negativionen-Bijouen?" Am Artikel warnt d'Agence viru méigleche gesondheetleche Geforen duerch eng Rei Produiten, déi virun allem bei Esoterik-Supporter beléift dierfte sinn.

D'Ketten an d'Bracelete géifen den Numm "Energie Schutzschëld" droen a mat presuméierte Charakteristike werben, déi am Netz ëmmer nees als Gesondheetsbooster an als Schutz virun de presuméierte Geforen duerch 5G-Stralung duergestallt géife ginn. Aus den Analyse an engem Labo vun der hollännescher Gesondheetsagence geet ervir, datt d'Produiten allerdéngs opgrond vun enger schwaacher radioaktiver Stralung selwer eng Gefor fir d'Gesondheet duerstelle géingen. Ënnert den opgelëschte Produiten ass och e Bracelet speziell fir Kanner, eng "Sportlerketten" a e ronnen Unhänger.

D'Agence huet weider matgedeelt, datt de Verkaf vun esou Produiten dem hollännesche Gesetz no vun elo verbuede wier. D'Fournisseure wieren och doriwwer informéiert ginn. Cliente sollen d'Produite virop an engem zouene Behälter an engem Tirang verstauen. Wéinst der Stralung soll een dës net einfach an der normaler Poubelle entsuergen.