Op éischter Plaz steet "123456", viru "Passwuert", "Hallo" oder "Schatz". Déi am heefegste genotzte Passwierder an Däitschland si liicht z'erroden.

Dobäi kann dat ugesiichts vun der Hausse un Datefuitten an digitalem Identitéitsdéifstall séier geféierlech ginn, warne Fuerscher. Dem Hass-Plattner-Institut no sinn d'Passwierder vun den däitschen Internetbenotzer dacks nach ëmmer ze einfach an net individuell genuch. Wéi d'Institut matdeelt, wier dat beléiftste Passwuert an Däitschland dëst Joer "123456".

Donieft ass d'Zuel vun den Datefuitten bei däitschen Internetsäiten op Rekordhéicht geklommen. Och den Déifstall vun digitalen Identitéite wier nees an d'Luucht gaangen. Och wann am Internet keng absolutt Protektioun méiglech wier, misste perséinlech Donnéeën dach beschtméiglech geschützt ginn. Dozou géing och "de Choix vu laangen individuellen a komplexe Passwierder" gehéieren.

Vill User géinge sech dëse Rot allerdéngs net zu Häerzen huelen: D'Fuerscher vum Hasso-Plattner-Institut hunn eng Datebank ausgewäert, an där an dësem Joer am Ganzen 640 Milliounen digital Identitéiten aus enger 263 Datefuitte registréiert goufen. Nieft "123456" hunn och aner Passwierder d'Krittäre vun Individualitéit a Komplexitéit net erfëllt.

D'Fuerscher recommandéieren den Notzer Passwierder mat enger Längt vu méi wéi 15 Zeechen ze benotzen. An engem staarke Passwuert sollten donieft all Zeecheklasse genotzt ginn: Nieft Kleng- a Groussbuschtawen also och Zuelen a Sonderzeechen. Passwierder sollen dann och nëmmen fir een eenzege Service benotzt ginn an et solle keng Wierder aus dem Dictionnaire sinn.

Donieft kéint och d'Notze vun engem Passwuertmanager an d'Aktivéierung vun enger Zwee-Facteur-Authentifizéierung hëllefräich sinn. Bei Sécherheetsvirfäll sollte Passwierder direkt geännert ginn. Ob d'Login-Informatioune vum eegene Profil an enger Datefuite am Internet opgelëscht sinn, kann ee mat Hëllef vun Online-Offeren iwwerpréiwen.