Eng Grupp amerikanesch Fluchgesellschafte fäerten, datt 5G-Netzer d'Elektronik vu Fligere stéiere kéinten. Och Airbus a Boeing si skeptesch.

An den USA ass e Sträit ëm d'Aféierung vun enger neie 5G-Technik eskaléiert. Fluchgesellschaften an déi amerikanesch Loftfaartautoritéit "Federal Aviation Administration" fäerten, datt déi nei Funkfrequenze fir d'5G-Netz d'Funktioun vu bestëmmten Héichtemoossapparater vu Fliger stéiere kéinten. Als Resultat misst ee mat annuléierte Flich a Verspéidunge rechnen.

Lo hu sech och Airbus a Boeing op d'Säit vun de 5G-Skeptiker geschloen. Béid Fligerconstructeuren hunn d'US-Regierung opgefuerdert, déi fir Ufank Januar geplangten Aféierung vum 5G-Netz am sougenannten C-Band-Spektrum ze verleeën. Dat well d'5G-Frequenzen d'Sécherheet vum Fluchbetrib stéieren an enorm negativ Auswierkungen op d'Loftfaartindustrie hu kéinten.

Déi Europäesch Agence fir Fluchsécherheet (EASA) géing scho méi laang analyséieren, ob 5G déi an der Loftfaart genotzte Funkhéichtemoossapparater stéiere kéint. Hannergrond wier, datt déi am C-Band genotzte Frequenzen no bei deene leien, déi d'Funktapparater notzen, fir déi exakt Héicht vum Fliger iwwert dem Buedem z'ermëttelen. Déi korrekt Funktioun vun dësen Apparater wier virun allem bei der Approche vum Flughafe wichteg.

An Europa leien d'5G-Frequenzbänner net sou no nieft deenen, déi vun der Fligertechnik genotzt ginn. Bis ewell wieren an Europa keng Virfäll bekannt oder aus virleienden techneschen Donnéeë vu Fliger- an Ekipementconstructeuren ofzeleeden. Trotzdeem géing een d'Situatioun weiderhin iwwerwaachen.

Déi amerikanesch Telekommunikatiounsfederatioun argumentéiert dogéint, datt déi nei 5G-Technik sécher wier. D'Federatioun huet der Loftfaartindustrie virgeworf, Angscht ze verbreeden a Fakten ze verdréien. A bal 40 anere Länner, dorënner Dänemark a Japan, goufen déi hannerfrote Frequenzen schonn ouni Stéierunge genotzt ginn.