7,2 Milliarden Rubel, ronn 87 Milliounen Euro, muss Google u Russland bezuelen.

Google gouf vum Geriicht schëlleg geschwat, datt ee Contenu, deen a Russland illegal ass, net vun der Plattform erofgeholl huet. Russland geet ëmmer nees géint Internetplattforme vir, well dës a Russland illegale Contenu, wéi Pornographie respektiv Reportagen iwwer Drogen a Suizid, net erofhuelen. Moskau stuuft och Reportagen, déi Mannerjäreger opruffen, u Protester vun der Oppositioun deelzehuelen, als "illegal" an.

Et ass net déi éischt Strof géint Google, déi a Russland geschwat gouf. Ma esou héich wéi elo, war nach keng Strof. Facebook gouf zum Beispill am September zu enger Strof vun 245.000 Euro a Twitter zu 58.200 Euro verurteelt.