Bis lo ass alles wéi geplangt gelaf: Den Teleskop ass méi wäit vun der Äerd ewech wéi de Mound. A vir d'lescht goufen d'Träger vum Sonneschëld ausgeklappt.

De Weltraumteleskop "James Webb", dee réischt virun e puer Deeg gestart ass, géing esou lues seng geplangte Form unhuelen. An der Nuecht op en Donneschdeg wier d'Heckpalett ausgeklappt ginn, déi zesumme mat der Bugpalett, déi schonn e Mëttwoch ausgeklappt gouf, d'Sonneschëld vum Teleskop droe soll. Dat huet d'Nasa an engem Blog matgedeelt.

Doduerch wier lo och de Teleskopspigel mat senger Goldbeschichtung ze gesinn. Déi eigentlech Beweegung dauert der Nasa no nëmmen 18 Minutten, géing awer eng stonnelaang Preparatioun wéinst sëllege Kontrollschrëtt brauchen. Fréistens e Sonndeg den 2. Januar géing dat komplett Sonneschëld opgespaant ginn, dat méi grouss ass wéi eng Tennisplaz.

Dëse Virgang wier "eng besonnesch kniwweleg Affär", well et am Ganzen 59 sougenannten "single point failures" gëtt. Also Punkten, un deenen d'Missioun duerch een eenzele Feeler scheitere kéint. Bis ewell wier awer alles dem Plang no gelaf.

RTL

Den Teleskop ass sou grouss, datt e gefaalt huet misse ginn, fir an d'Rakéit ze passen. / © AFP/File/jody amiet