Als éischte Betrib iwwerhaapt huet Apple e Wäert op der Bourse vun iwwer 3 Billiounen US-Dollar erreecht, also 3.000 Milliarden.

D’Aktie vum Tech-Gigant war e Méindeg zäiteweis op e Rekordniveau vun 183 Dollar geklommen.

Domadder ass de Bourse-Wäert vun Apple elo méi héich wéi beispillsweis d’Wirtschaftsleeschtung vu Groussbritannien, an nëmmen ganz liicht méi kleng wéi déi vun Däitschland.

Apple hat am August 2020 als éischt Privatentreprise vun der Welt e Börsewäert vun 2 Billiounen Dollar erreecht. Zanterhier ass och Microsoft dat nach gelongen. Fir Amazon a Facebook war et bis elo "jüst" d'Hürd vun 1 Billioun, déi iwwerwonne konnt ginn.

Wärend der Corona-Pandemie hu vill Technologiekonzerner hiren Ëmsaz däitlech konnte verbesseren, am Géigendeel zu anere Branchen.