Déi kanadesch Mark mat der physescher Tastatur huet decidéiert, mat all Update vun der Firmware opzehalen.

De Pionéier, deen "On-the-go"-Emaile méiglech gemaach huet a laang d’Connectivitéit an der Geschäftswelt symboliséiert huet, fonctionéiert zanter en Dënschdeg net méi. Am Dezember hat déi kanadesch Firma den "end of life" Datum publizéiert.

Fir seng massiv Tastatur bekannt, huet d‘Technologie vum Handy iwwert déi lëscht Joren dem Touchscreen an der 5G-Technology misse Platz maachen.

Vun haut ons fonctionéiert de Betribssystem vu BlackBerry net méi richteg. Sou kann den Telefon keng SMSen méi schécken an och keen Noutruff méi wielen.

D'Apparater goufe bis 2013 verkaf. D‘Firma BlackBerry huet sech déi lëscht Joren nei erfonnt a sech op Software a Cybersecurity spezialiséiert.