Mailen, Fotoen a Streaming-Abonnementer: Wa Mënsche stierwen, geet et scho laang net méi just ëm Suen an Immobilien. Mä och ëm dat digitaalt Ierwen.

Wann eng Persoun verstuerwen ass, musse sech d'Ierwe froen, wat mat de Fotoen um Handy geschitt, ob E-Mail-Konte geläscht oder d'Instagram-Profil an ee Gedenkzoustand versat soll ginn. Well wien no engem Doudesfall am perséinlechen Ëmfeld bei den Onlineplattformen nofroe muss, stéisst an der Reegel op Widderstand.

Apple encouragéiert mat dem aktuelle Betribssystem iOS 15.2 d'Notzer dozou, ze bestëmmen, wien nom Doud Accès op den Account kritt. Heivir kréicht déi gewielte Persoun e Schlëssel geschéckt, fir op d'Donnéeën an der iCloud zougräifen ze kënnen. Dräi Joer laang kann den Ierwen d'Date späicheren, éier den Account dauerhaft geläscht gëtt. Ma wéi ginn aner Plattforme mam Doud vun den Notzer ëm?

Wat geschitt mat Profiller bei Facebook, Google, Instagram an Twitter?

Op Facebook kann een zu Liefzäite festleeën, dass d'Profil nom Doud dauerhaft geläscht gëtt. Donieft kann een en Ierwen aus der Frëndeslëscht bestëmmen, deen d'Profil dono geréiert. Dës Persoun kann d'Profil an e Gedenkzoustand setzen. Hei kënnt da virun den Numm vum Verstuerwenen den Zousaz "an Erënnerung un" stoen an den Ierwe kann eng Statusmeldung an e Profilbild festleeën.

Bei Instagram gëtt de Konto op Wonsch agefruer oder komplett geläscht. Bei Twitter gëtt et nach manner Optiounen: Déi Hannerbliwwe kënnen d'Plattform dorëm bieden, datt den Account geläscht gëtt, mussen heivir awer eng Kopie vun der Carte d'identité a vum Stierwesakt eraschécken.

Google-Notzer kënne mat Hëllef vum "Kontoinaktivitéits-Manager" selwer decidéieren, wat mat hiren Donnéeën am Doudesfall oder am Fall vun engem Accident geschéie soll. Si kënnen d'Date fir ausgewielte Persoune fräiginn oder ariichten, dass se geläscht gi sollen. Hei kann een dann en Zäitraum tëscht 3 an 18 Méint festleeën. Wann den Account sou laang net méi genotzt gëtt, gëtt den User e puer Mol per Mail oder SMS kontaktéiert. Eréischt wann een dorop net reagéiert, gëtt den Account op inaktiv geschalt. Den Delai fir d'Läsche vum Konto fänkt mat der leschter Umeldung un.

Wat geschitt mat Abonnementer bei Amazon, Netflix, Spotify a Co.?

Abonnementer bei Streamingplattforme wéi Amazon, Netflix a Spotify lafen nom Doud vum Notzer einfach weider. Dat heescht, dass och weiderhi Sue vum Konto ofgebucht ginn. Vill Déngschter bidden dowéinst e Kontaktformular un, fir mat Stierwesakt, Ierfschäin a Carte d'identité de Kontrakt virzäiteg ze kënnegen an de Konto läschen ze loossen.

Wéi soll ech virgoen, fir mäin digitaalt Ierwen ze reegelen?

Well awer dacks vill Zäit vergeet, bis déi néideg Ënnerlagen do sinn, recommandéiere Konsumenteschützer, eng Tabell mat alle Profiller, Zougangsdonnéeën an Uweisunge wéi "Profil läschen" oder "Fotoe späicheren" unzeleeën. Dës Lëscht sollt dann op engem USB-Stick gespäichert oder an engem Classeur ze fanne sinn an op enger sécherer Plaz wéi an engem Safe beim Nottär hannerluecht ginn. Déi designéiert Persoune sollten d'Plaz kennen a mat enger Procuratioun mandatéiert ginn, sech nom Doud ëm d'Konten ze këmmeren.