Wie weiderhin Accès zu de Storyen a Videoe wëll hunn, kéint deemnächst méi déif an d'Täsch gräifen. Aboe sollen Influencer zu engem Akommes verhëllefen.

D'sozial Medie Plattform Instagram wëll Influencer d'Méiglechkeet ginn, hire Follower Abonnementer, déi eppes kaschten, unzebidden. D'Produzente vu Contenu bräichten "Recetten", mat deenen een am Viraus rechne kann. Dat huet de Chef vun Instagram an engem Video erkläert. Dofir wieren Abonnementer déi "bescht Méiglechkeet", well d'Recettë soss vu Post zu Post géife variéieren.

Virop wëll d'Plattform den neien Usaz mat enger Handvoll Influencer an den USA testen. Esou solle Follower en exklusiven Accès zu Storyen an Live-Videoe kréien. D'Abonnementer wäerte sech dann duerch e mooft Symbol nieft dem Numm ënnerscheeden, fir datt d'Influencer dës a Kommentaren oder privaten Noriichten erkenne kënnen.

Vill ursprénglech Notzer vu gratis Internetplattformen hunn an de leschte Jore verschidde Modeller entwéckelt, wéi professionell Influencer nieft der Pub fir Artikelen a gesponserte Bäiträg Recettë generéiere kënnen. Op de Videositten TikTok an Twitch kënnen d'Spectateuren Done maachen. Och Twitter bitt Abonnementer a Spendméiglechkeeten un.