Am Universum ass eis Äerd nëmmen ee klenge Stëbskär. D’Astronauten, déi op der internationaler Weltraumstatioun liewen, hunn een eemolege Bléck dorobber.

Ee vun hinnen ass de Matthias Maurer, hie lieft zanter 3 Méint op der ISS. Den Esa-Astronaut kennt Lëtzebuerg gutt, am RTL-Interview deelt hien e puer Impressiounen aus de leschten 3 Méint. Kuckt een aus der Fënster vun der internationaler Weltraumstatioun, gesäit een aus 400 Kilometer Héicht op d’ Äerd. Och no 3 Méint op der ISS ass de Bléck op Lëtzebuerg nach net gelongen, esou de Matthias Maurer, d’Wieder war nach net optimal.

De flottste Moment hat de Saarlänner direkt am Ufank, wéi een no engem Dag Vol uewen ukomm ass. Ma net alles, wat ee vun uewe gesäit, ass flott, et géif een och gesinn, wéi d’Mënschen d’Welt op där se liewen, veränneren an och zerstéieren.

D’Missioun Cosmic Kiss ass awer keng Vakanz. An de 6 Méint am All mécht de geleierte Materialwëssenschaftler iwwer 100 verschidden Experimenter. An de leschten Deeg huet hie mat Bëtong experimentéiert, mam Zil erauszefannen, wéi de Baustoff mat manner CO2-Ausstouss ka produzéiert ginn. D’Erkenntnisser, déi bei Weltraummissioune gesammelt ginn, géifen der ganzer Mënschheet ze gutt kommen. Op der ISS hätt ee vill Zäit nozedenken.

D’Hallschent vun der Missioun ass gepackt, an 3 Méint steet de Matthias Maurer nees mat zwee Féiss um Buedem a sécher och nees zu Lëtzebuerg.

RTL

© ESA/NASA