Chile, Costa Rica a Peru féieren déi nächst Wochen extra Fraise fir déijéineg an, déi hire Profil mat Leit aus anere Stéit deelen.

"Netflix-Schnorrer" ginn et weltwäit: eng Persoun bezilt den Abo, Bekannter a Frënn profitéieren dovun a streame gratis Filmer a Serien. Op dës Manéier entgeet dem Streaming-Ris en décke Batz Geld. Wéi aus den Netflix-Notzungsbedéngungen ervirgeet, ass dëst allerdéngs verbueden. Just fir Leit, déi ënnert engem Daach liewen, ass virgesinn, de selwechten Account ze deelen.

Dem "Schnorren" wëll Netflix en Enn setzen. Deemnächst lancéiert Netflix eng Testphas an dräi Länner. Mat der Optioun, Extra-Membere bei den Account dobäizesetzen, wëll d'Plattform verhënneren, dass Accounts a Chile, Costa Rica a Peru weiderhin onerlaabterweis gedeelt ginn. Sou kënne User fir ëmgerechent 2,70 Euro bis zu zwee Mënschen aus anere Stéit mat streame loossen. Fir si gëtt dann en extra "Niewekonto" ageriicht. Sollt dëse Modell erfollegräich sinn, kéint dës Optioun och a Länner wéi Däitschland agefouert ginn.