All optesche Parameter hätt den Erwaardungen entsprach oder se souguer iwwertraff. D'Spigele vum James Webb funktionéieren ouni Problemer, wéi e Bild weist

De leeschtungsstäerkste Weltraumteleskop op der Welt, den James Webb, huet seng 18 Spigel-Elementer ausgeriicht an erfollegräich getest. D'Resultat ass e beandrockend Bild: D'Opnam, déi d'US-Raumfaartagence Nasa elo publizéiert huet, weist en hell liichtende Stär mat der Bezeechnung 2MASS J17554042+6551277 a sëllege Galaxien am Hannergrond.

Déi zoustänneg Ekipp geet dovun aus, datt den Teleskop esou gutt funktionéiere wäert ewéi geplangt, oder souguer nach besser. D'Nasa huet vun engem "Meilesteen" geschwat. Schonn am Februar hat den Teleskop éischt Biller op d'Äerd geschéckt, dorënner Fotoe vun engem Stär an engem Selfie. Mat de Biller, déi nach e bësse verschwomme waren, sollt bewise ginn, datt d'Kamera an déi 18 Spigel-Elementer vum Teleskop grondsätzlech funktionéieren.

Den 11. Mäerz war d'Phas fir d'Ausriichte vun de Spigelen ofgeschloss, déi sougenannte "Fine Phasing". All optesche Parameter, deen iwwerpréift a getest gouf, hätt den Erwaardungen entsprach oder souguer nach iwwertraff, heescht et vun der Nasa. Kritesch Problemer oder moossbar Pollutioune wieren net festgestallt ginn.

Fir d'Bild, dat elo publizéiert gouf, hunn d'Wëssenschaftler vun der Nasa verschidde Fotoe vun engem eenzele Stär zu enger Opnam zesummegesat. E sougenannte "Routfilter" hëlleft der US-Raumfaartagence no dobäi, de visuelle Kontrast am Infraroutberäich beschtméiglech duerzestellen. Den Teleskop wier esou kriddeleg, datt nieft dem eigentlechen Haaptmotiv och d'Galaxien a Stären am Hannergrond ze gesi sinn.

Säi reguläre Betrib wäert den James Webb eréischt an e puer Méint ophuelen, et wieren nämlech nach weider Aarbechtsschrëtt fir d'Preparatioun néideg. Éischt wëssenschaftlech Biller géing een net virun Enn Juni oder Ufank Juli erwaarden.