D'russeschsproocheg Plattform Hydra Market ass den ëmsazstäerkste Marché am Darknet. Lo ass et Beamte gelongen, d'Server vun der illegaler Säit ofzeschalte

Däitsch Enquêteure hunn eegenen Informatiounen no déi ëmsazstäerkst illegal Darknet-Maartplaz ofgeschalt. Wéi d'Bundeskriminalamt (BKA) matdeelt, gouf d'Serverinfrastruktur no "opwennegen Ermëttlungen" saiséiert an de Marché "domat zougemaach". Den Hydra Market war deemno eng russeschsproocheg Plattform, déi op d'mannst zanter 2015 z'erreeche war, mat ronn 17 Millioune Clienten a méi wéi 19.000 Verkeeferprofiller.

Iwwert den Darknet-Marché goufen dem BKA no eleng 2020 Ëmsätz an Héicht vun op d'mannst 1,23 Milliarden Euro gemaach. Schätzunge vun Experte souwéi Fachpersonal vum Parquet zu Frankfurt am Main no wier d'Plattform domat "den ëmsazstäerksten illegale Marché weltwäit gewiescht".

Virun allem wier mat Drogen, geklauten Donnéeën a gefälschten Dokumenter um Hydra Market gehandelt ginn. Dobäi koume Geschäfter mat spezielle kriminellen Déngschtleeschtungen. Bedeitend wier dem BKA no virun allem e "Bitcoin Bank Mixer" gewiescht, iwwert dee sech digital Finanztransaktioune mat Kryptowärunge verschleieren a strofrechtlech Enquêtë méi schwéier maache loossen.

Bei der Saisie vun de Server wieren och Bitcoins am aktuelle Wäert vu ronn 23 Milliounen Euro saiséiert ginn, deelt d'Bundeskriminalamt weider mat. Op der Websäit vun der Plattform gouf e Banner publizéiert, deen iwwert d'Ofschalten informéiert. D'Enquêtë si schonn zanter 2021 gelaf, d'Identitéite vun de responsabele Bedreiwer an Administrateure si bis ewell net bekannt. Och US-Beamte waren dem BKA no bedeelegt.