Den Elon Musk, Chef vum der E-Auto-Entwéckler Tesla, gëtt Member vum Verwaltungsrot vum Sozialen Netzwierk Twitter.

E Méindeg hat de räichste Mann vun der Welt annoncéiert, 9,2 Prozent vun den Undeeler vun Twitter kaaft ze hunn. Domat gouf hien dee gréissten Aktionär vun der US-Firma.

"Ech freeë mech, matdeelen ze kënnen, datt mir den Elon Musk an eise Verwaltungsrot beruff hunn! Duerch Gespréicher mam Elon an deene leschte Wochen ass eis kloer ginn, datt hien dem Verwaltungsrot eng grouss Plus-value géing bréngen", esou den Twitter-CEO Parag Agrawal an engem Tweet. Hie wier souwuel ee "passionéierten Unhänger" an een "intensive Kritiker" vun der Plattform, wat genee dat wier, wat d'Firma bräicht.

Den Elon Musk huet selwer eng 80 Millioune Follower op Twitter an hat um Méindeg annoncéiert, eng 73,5 Milliounen Undeeler (9,2 Prozent) vun der Firma kaaft ze hunn. Seng Aktivitéiten op der Plattform sinn awer net ëmmer ganz onëmstridden. Hien huet Twitter ëmmer nees virgeworf, d'Meenungsfräiheet op der Plattform anzeschränken.

Eréischt Mëtt Mäerz hat een Tesla-Investor den Elon Musk wéinst sengen "onberechenbaren Tweets" op Schuedenersatz verklot. De Musk hat am Mee 2020 getweet, "senger Meenung no" wier d'Tesla-Aktie "iwwerbewäert". Doropshi soll Tesla um Aktiemaart bannent nëmmen engem Dag ee Verloscht vu ronn 14 Milliarden Dollar gemaach hunn, heescht et an der Uklo. Och mat der US-Börsenopsiicht hat de Chef vun Tesla scho méi dacks Problemer. Dës hat dem Musk Limitatiounen op seng Twitter-Aktivitéite gesat, fir eng Beaflossung vum Maart ze evitéieren.