Nodeems den Elon Musk vill Opmierksamkeet op d'Theema gelenkt hat, huet Twitter en Testlaf ugekënnegt: Tweets kënnen deemnächst nodréiglech beaarbecht ginn

Mat der Méiglechkeet Tweets och nodréiglech ze beaarbechten, geet een engem laangjärege Wonsch vu vill User no. Ma awer net fir jiddereen: Déi entspriechend Funktioun wäert am Laf vun den nächste Méint nëmme fir Membere vum "Twitter Blue"-Abonement kommen. Den Test soll weisen, "wat funktionéiert a wat net funktionéiert". Mat engem GIF huet Twitter gewisen, wéi d'Funktioun op der Plattform integréiert wäert ginn.

Den Elon Musk, deen antëscht gréissten Aktionär vum Internetdéngscht ass, hat virop op Twitter eng Ëmfro iwwert de Beaarbechtungs-Knäppche lancéiert. Ronn 4,4 Milliounen Notzer hu geäntwert, 73 Prozent hu sech fir esou ee Button ausgeschwat.

"Elo, wou jidderee freet: Jo, mir schaffen zanter dem leschte Joer un enger Beaarbechtungsfunktioun", deelt Twitter selwer mat. D'Fuerderungen no enger Funktioun, fir ze redigéieren an ze verbesseren, gëtt et schonn zanter Joren. Interessant ass de Button fir User, an deenen hiren Tweets Tippfeeler oder Linken dra sinn, déi net méi funktionéieren. Bis ewell konnt een Noriichten, mat deenen een net méi ganz zefridde war, nëmme ganz läschen an dono en neien, iwwerschafften Tweet posten.

Den Abo-Déngscht "Twitter Blue", dee fir den Test virgesinn ass, kascht dräi Dollar de Mount, ass awer bis ewell nëmmen an den USA, Kanada, Australien an Neiséiland disponibel.