U sech sollt de Multimilliardär den neie Posten e Samschdeg iwwerhuelen, ma wéi et ausgesäit, huet hien et sech anescht iwwerluecht.

E Méindeg huet den Twitter-Chef Parag Agrawal nämlech matgedeelt, dass sech de Musk dozou entscheet hätt, hirem Opsiichtsrot net bäizetrieden, nodeems hie virun enger Woch 9,2 Prozent vun der Firma kaf hat. De CEO vun Tesla, dee selwer iwwer 80 Millioune Follower zielt, ass schonn zanter Laangem als Twitter-Kritiker bekannt. Hien huet der Plattform ëmmer nees virgeworf, d'Meenungsfräiheet anzeschränken. Dowéinst sinn Analysten dovunner ausgaangen, datt den Elon Musk nom Kaf vun den Twitter-Aktien eng aktiv Roll am Konzern géing iwwerhuelen.

Sou hat hien zum Beispill eng Ëmfro op sengem Profil lancéiert. Hie wollt vun den Notzer wëssen, ob si sech wënsche géingen, Tweets nom Verëffentleche korrigéieren ze kënnen. Nodeems sech eng Majoritéit fir dës Propos ausgeschwat hat, huet Twitter annoncéiert, dës Funktioun ze testen.

Wéinst sengen "onberechebaren Tweets" stoung den Elon Musk schonn e puer Mol an der Kritik. Mëtt Mäerz hat zum Beispill een Tesla-Investor den Elon Musk dowéinst op Schuedenersatz verklot. Den Tesla-Chef hat am Mee 2020 getweet, "senger Meenung no" wier d'Tesla-Aktie "iwwerbewäert".

Doropshi soll Tesla um Aktiemaart bannent nëmmen engem Dag ee Verloscht vu ronn 14 Milliarden Dollar gemaach hunn, heescht et an der Uklo. Och mat der US-Börsenopsiicht hat de Chef vun Tesla scho méi dacks Problemer. Dës hat dem Musk Limitatiounen op seng Twitter-Aktivitéite gesat, fir eng Beaflossung vum Maart ze evitéieren.

Vum Tesla-Chef huet iwwerdeems an engem Schreiwes geheescht, datt seng Bedeelegung un Twitter "passiv" wier an hien net wëlles hätt, Afloss op déi wichteg strategesch Entscheedungen ze huelen.