Facebook a Microsoft Teams hunn et virgemaach: amplaz vu kuerzen Äntwerten ass et heiansdo méi kamoud, einfach en Emoji als Reaktioun ze verschécken.

Ob Daum no uewen, Häerz oder Smiley: a verschiddene Momenter brauch et einfach just een Emoji, fir enger anerer Persoun matzedeelen, wat een denkt. Dowéinst bitt Whatsapp en neien "Feature" un. Notzer sollen an Zukunft direkt mat engem Emoji op Noriichte reagéiere kënnen.

Praktesch ass dës Funktioun virun allem, well op dës Manéier eng Flut un Noriichte kann a gréissere Gruppenchatten evitéiert ginn. Amplaz dass 20 Leit "Ok", "an der Rei" oder "fannen ech gutt" schreiwen, kënnen esou 20 Daumen no uewen dat selwecht ausdrécken. Dës ginn dann net an 20 separaten Äntwerten ugewisen, ma als klengt Symbol ënnert der ursprénglecher Noriicht. En "Feature", deen een och scho vum Facebook-Messenger oder Microsoft Teams kennt.

RTL

Ugangs solle just eng Partie Android-Notzer déi nei Versioun teste kënnen. 6 klassesch Emojie stinn de User als Reaktioun zur Verfügung. Iwwer e Plus-Knäppche soll ee weider Emojien auswiele kënnen. Ob et sech dobäi ëm bestëmmten Emojien oder alleguerten handelt, ass den Ament nach net gewosst, mellt "WABetaInfo".

RTL

Et steet nach net fest, wéini all Android- an iOS-User vum neien "Feature" profitéiere kënnen.