No engem mëssgléckten Test vun der néier NASA-Moundrakéit SLS wäert d'US-Moundmissioun Artemis 1 fréistens am Summer starten.

Nodeems beim Betanke vun der Rakéit SLS technesch Problemer opgetruede sinn, huet déi US-amerikanesch Raumfaartagence NASA de Start vun Artemis 1, hirer éischter Moundmissioun zënter Joerzéngten, an de Summer no hanne verréckelt.

Bei enger Startsimulatioun sollt déi 98 Meter laang Rakéit mat 2,6 Millioune Liter Waasserstoff betankt ginn, mee well e Ventil futti war, ass eng Partie vun deem liicht entzündbaren Dreifstoff ausgelaf an den ieweschten Deel vun der Rakéit blouf eidel. An den nächste Wochen a Méint gëtt d'Rakéit lo an engem Hangar gefléckt.

D'NASA wëllt mat den neie SLS-Rakéite fir d'éischt zënter 1972 rëm Astronauten, dorënner och déi éischte Fra, op de Mound schécken. Si sollen eng Raumstatioun bauen, déi de Mound ëmkreest. Um Mound wëllt d'NASA Technologië fir déi éischt Mars-Missioun  an den 2030er Joren testen. Wéini genee deen éischten Astronaut op de Mound flitt, ass nach net gewosst. Bei Artemis 1 handelt et sech nämlech ëm eng onbemannte Missioun, mat Artemis 2 sollen dann 2024 Astronauten ronderëm de Mound fléien a réischt mat der Artemis 3 um Mound landen.

D'Starte vun den éischte véier SLS-Rakéite kaschte der NASA  no jeeweils 3,7 Milliarden Euro.