44 Milliarden Dollar léisst de Musk fir de Kaf vun Twitter sprangen. Op d'mannst een Deel vun de Käschte kéint hien iwwert eng Notzungstax erëm rakréien.

Den Tesla-Chef denkt driwwer no, nom Iwwerhuele vun der US-Plattform Twitter eng Tax fir bestëmmte User anzeféieren. "Twitter wäert fir privat Notzer ëmmer gratis sinn, ma fir professionell a staatlech User kéint eng kleng Tax ufalen", schreift den Elon Musk an engem Tweet.

Déi geplangten Iwwernam vun Twitter duerch den Entrepreneur hat an der leschter Woch fir Opreegung gesuergt - och an der Firma selwer. Leschte Freideg huet de CEO vun Twitter seng Mataarbechter wärend engem Meeting vun der Entreprise misse berouegen.

Hannergrond ass d'Angscht, datt de Kaf duerch den Tesla-Chef zu Kënnegungen a Gehaltskierzunge féiere wäert. Dat nodeems de Musk virgeschloen hat, d'Salairë vum Virstand an de Cheffen ze kierzen. Twitter hätt sech ëmmer ëm seng Mataarbechter gekëmmert a wäert dëst och weiderhi maachen, berouegt de CEO vun der Plattform.

Net nëmmen Twitter, mä och seng eegen Entreprise war vun de Pläng iwwerrascht: Fir d'Iwwernam ze finanzéieren, huet hien op ee Coup 4,4 Millioune vu sengen Tesla-Undeeler verkaf, wouduerch d'Aktië vun Tesla kuerz gutt erofgaange sinn. Den Elon Musk hat sech verflicht, fir de Kaf vun Twitter fir 44 Milliarden Dollar eege Mëttel vu bis zu 21 Milliarden Dollar anzebréngen. Wéi genee hien dës opbréngt, ass nach net gewosst.