Déi 3 Entreprisë wëllen zesumme schaffen, fir eng Login-Alternativ ouni Passwuert ze entwéckelen.

Wéi de Vizepresident vu Microsoft, den Alex Simmons en Donneschdeg matgedeelt huet, ass d'Zil vun der Kooperatioun eng "vollstänneg Ëmstellung op eng Welt ouni Passwierder".

Dobäi soll op Sécherheetsstandarden zeréckgegraff ginn, déi vun der "Fido-Allianz" an dem "World Wide Web Consortium" entwéckelt goufen. D'Fido-Allianz, een Zesummeschloss vu verschiddenen Technologie-Entreprisen, schafft schonn zanter 2013 un enger Alternativ zum Passwuert-Login. Dem Fido-President a Produitsmanager bei Google, Sampath Srinivas no, soll de Login ouni Passwuert am Laf vum nächste Joer an d'Android- a Chrome-Software vu Google integréiert ginn. Och Apple a Microsoft hunn änlech Pläng ugekënnegt.

Et ass virgesinn, dass bei der éischter Registréierung op engem neien Online-Site oder App ee sougenannten "Passkey" vum Handy gespäichert gëtt, dee fir zukünfteg Umeldunge benotzt gëtt. Wie sech op enger neier App oder engem neie Site umelle wëll, dee muss einfach just säin Handy entspären. Dat nämmlecht gëllt fir d'Umeldung op engem Site um Computer.

D'Fido-Method gëllt als méi sécher wéi déi bekannt Zwee-Facteur-Authentifizéierung, bei där Passwierder per SMS oder E-Mail verschéckt ginn. Fir de Login mat der Fido-Method ass just eng Registréierung am Virfeld um Handy noutwenneg, dee bei der Umeldung op engem Site oder App eng Ufro geschéckt kritt. Dës Ufro kann dann duerch Entspäre vum Handy per Fangerofdrock oder PIN bestätegt ginn, ouni dass vertraulech Informatiounen den Handy verloossen.