Fir Beie besser ze protegéieren, gouf vun enger tunesescher Startup-Entreprise eng speziell App entwéckelt.

D'App "Smart Bee", déi vum Startup "Beekeeper Tech" entwéckelt gouf, fonctionéiert deemno iwwer speziell Sensoren, déi un de Beiestäck ubruecht ginn an iwwer Infrarout Donnéeën iwwer d'Ëmgéigend ophuelen. D'Sensore moossen heifir d'Fiichtegkeet, d'Temperatur, souwéi och d'Summe vun de Beien. Gi vu de Sensoren Onreegelméissegkeeten oder aner Problemer festgestallt, gëtt een Alarmsignal un d'App geschéckt. Och sinn d'Sensore mat engem GPS ekipéiert, wouduerch se och kënne rëmfonnt ginn, falls se sollte geklaut ginn.

Dem President vun "Beekeeper Tech" Khaled Bouchoucha no, sinn d'App an déi néideg Apparater, déi zu engem "abordabele Präis" verkaf ginn, immens gefrot. Deemno huet de Startup, deen den eenzege senger Aart an Nordafrika ass, schonn iwwer 1.000 Dispositiffen an Tunesien a senge Nopeschlänner verkaf a preparéiert aktuell 1.500 Commanden. Ënnert de Keefer ass och den 39 Joer alen Imker Elias Chebbi. Géigeniwwer AFP huet hie verroden, dass e virum Benotze vun der App ronn 30% vu senge Beiestäck wéinst Fiichtegkeet a plëtzlechen Temperatur-Wiessele verluer huet. Elo sinn et just nach ronn 10% an deenen "schlëmmste Fäll".

Wéi och am Rescht vun der Welt, si Beien an Tunesien ënnerschiddleche Geforen ausgesat a vum Ausstierwe menacéiert. Dorënner ziele virun allem Ëmweltverschmotzung, Klimawandel a Pestiziden.

RTL

© AFP/FETHI BELAID