De räichste Mann vun der Welt wëll am Amazonas 19.000 Schoule mat Internet versuergen an d'Satellitten-Netz ausbauen.

Heifir huet de südafrikanesche Milliardär sech e Freideg mam brasilianesche President Jair Bolsonaro an engem Hotel zu Porto Feliz getraff.

Op Twitter sot de Musk, hie wär "super opgereegt", fir a Brasilien ze sinn an de Projet ze starten. De brasilianesche Kommunikatiounsminister Fábio Faria sot op Twitter, "vue dass mer d'Amazonasgebitt ubanne wëllen, hu mer ee vun de gréissten Entrepreneure vun der Welt heihinner bruecht, fir eis bei dëser Missioun ze hëllefen".

Ënnert der Regierung vum Jair Bolsonaro huet d'Ofholzung am Amazonas immens zougeholl. De rietsextreme President kritt dacks vu Kritiker virgeheit, näischt géint illegal Ofholzung duerch Goldminnen-Aarbechter, Baueren an Holzhändler z'ënnerhuelen. Fir deem awer entgéintzewierken, huet déi brasilianesch Regierung am November ugekënnegt, mam Musk senger Entreprise "SpaceX" iwwert d'Versuergung vun den Amazonasgebitter mat Satellitten-Internet ze verhandelen. Dëst ënnert anerem fir Fäll vun illegaler Ofholzung z'ermëttelen.

Dausende vu sougenannten "Starlink"-Satellitte goufe vu SpaceX an de Weltraum geschéckt, fir besonnesch ofgeleeë Regioune mat séierem Internet ze versuergen.