Wéi vun enger Dron gefilmt, kënne User Metropole wéi London oder San Francisco aus der Vulleperspektiv entdecken.

Google Maps gëllt als déi am meescht genotzten Navigatiounsapp weltwäit. Op enger I/O-Entwécklerkonferenz huet de Konzern eng nei Funktioun virgestallt. Änlech wéi bei engem Drone-Fluch kënnen d'Notzer virtuell op Entdeckungstour goen. "Immersive View" ass eng Zort "Street View" an der Vulleperspektiv. Gebaier, Monumenter oder Parke ginn detailléiert a computergeneréierter Grafik duergestallt. Google setzt hei Milliarde vu Satellittebiller a Street-View-Opnamen zesummen. Esou kann eng Stad an enger héijer Opléisung ofgebillt ginn.

Op dës Manéier kënnen d'User gemittlech vun doheem aus kucken, wéi berüümte Monumenter zu verschiddenen Dageszäiten a Wiederkonditiounen ausgesinn, fir sech esou e bessert Bild vun der Ëmgéigend ze maachen. Gëtt an den nächste Stonne Reen erwaart, animéiert d'Google Maps zum Beispill den Himmel, fir et esou realistesch wéi méiglech ze gestalten.

Als éischt soll d'"Immersive View" an de Stied Los Angeles, London, New York, San Francisco an Tokio ugebuede ginn. Et sinn awer nach weider Stied geplangt, sou Google.