Ob Kamera, Smartphone oder Tablet: an Zukunft kréien dës Apparater dee selwechten Uschloss. Nämlech en USB-C-Uschloss.

Ënnerhändler vun den EU-Memberstaaten an dem Europaparlament hu sech en Dënschdeg drop gëeenegt, eenheetlech Opluet-Kabele fir elektronesch Apparater anzeféieren. Nieft Handye sinn och Tablets an Digitalkamerae vun der neier Reegelung betraff. An Zukunft soll dat och fir Laptoppen, Lautsprecher a Kopfhörer gëllen.

Wéi et vun der däitscher Deputéiert Anna Cavazzini (Grüne) heescht, soll den eenheetleche Kabel "Mëtt 2024" kommen. D'EU-Parlament an d'Memberstaate mussen awer nach formell zoustëmmen.

Op dës Manéier solle Käschte gespuert an Elektroschrott evitéiert ginn. An Zuelen: knapp 1.000 Tonnen Elektroschrott, heescht et vun der EU-Kommissioun.

Zanter 2009 beméit sech d'EU-Kommissioun, eng Léisung ze fannen, fir dass d'Konsumente beim Kaf vun engem neien Handy oder Tablet keen neien Opluet-Kabel brauchen. Zanterhier ass d'Zuel vun den Uschlëss reduzéiert ginn. Allerdéngs existéieren nach ëmmer dräi verschidde Systemer: USB-C, Apples Lightning-Uschloss a Micro-USB.