Ee Message op Twitter, respektiv ee Saz an engem Interview vum Elon Musk ginn duer, fir d‘Bourssecoursen ze beaflossen.

E Geschäftsmann, deen an eng Kryptowärung investéiert hat, reprochéiert dem Tesla-Chef elo, dëse Pouvoir mëssbraucht ze hunn a mécht Plainte.

Iwwerdeems schléisst den Elon Musk net aus, Personal z‘entloossen, sollt hien d‘Medieplattform Twitter iwwerhuelen.

Elon Musk / Rep. Pierre Jans

Den US-amerikaneschen Milliardär hat eng Videokonferenz mat der Beleegschaft vun Twitter. Iwwer den aktuelle Stand vun der Acquisitioun huet hie sech net geäussert. D‘Salariée si beonrouegt, hirer Meenung no kéint den Tech-Promi d‘Firma destabiliséieren. Bis uganks August sollen d‘Aktionären iwwer de Verkaf ofstëmmen.

Allerdéngs huet den Elon Musk scho vag annoncéiert, dass him déi 7.500 Mataarbechter der e puer ze vill sinn. D‘Entreprise misst spueren. Wien awer relevant wär, bréicht näischt ze fäerten.

De Chef vun Tesla a SpaceX huet och fir Twitter grouss Ambitiounen. Aktuell sinn 229 Milliounen Persounen op der Plattform registréiert. Den Elon Musk strieft eng Milliard Useren un. An zwar der reeller. Dem Milliardär no huet Twitter e Problem mat falsche computergesteierte Konten. Dowéinst hesitéiert hien wéi et heescht nach, déi 44 Milliarden Dollar auszeginn.

Op alle Fall huet den Elon Musk confirméiert, dass och radikal Meenungen op Twitter erlaabt misste sinn. D‘User dierften senger Meenung no och  „relativ skandaléis Saachen“ verëffentlechen. Fir déi Approche gëtt de Milliardär vill kritiséiert.

Géint de Musk a seng Firmen Tesla an SpaceX gouf iwwerdeems Plainte gemaach. Den US-Investisseur Keith Johnson verlaangt wéinst Perten mat der Kryptowärung „Dogecoin“ ganzer 258 Milliarden Dollar. Hie reprochéiert dem räichste Mann vun der Welt, de Präis fir dës digital Wärung kënschtlech an d‘Héicht gedriwwen ze hunn fir se da falen ze loossen. De Musk a säin Entourage hätte vun Ufank u gewosst, dass dës Kryptowärung kee Wäert hätt, nawell hätte si fir Profit, Opmierksamkeet a Spaass Pub fir se gemaach, esou de Virworf.

„Dogecoin“ existéiert zanter 2013 a war en Internetphenomen ginn. De Logo ass eng japanesch Hondsrass. Et war als Witz geduecht. Net nëmmen hien, mä och den Elon Musk huet d‘Wärung mat sengen 98 Milliounen Follower op Twitter am Réck promouvéiert. Zejoert war eng digital Mënz mam Mupp drop 74 Cent wäert. Elo just nach 5 Cent!

De getouften Investisseur fuerdert iwwerdeems och, dass den Handel mat Kryptowärungen als eng Zort Glécksspill agestuuft gëtt.