Eng Lëtzebuerger Entreprise lancéiert zesumme mam Artist Jacques Schneider dëse Projet, op deem déi groussherzoglech Koppel ofgebillt ass.

De Profit vum Verkaf vun den NFTe kënnt der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse ze gutt.

NFT steet fir "Non-fungible Token". "Fungible" heescht hei géigesäiteg austauschbar. Beispillsweis kann een en 10 Euro-Schäin géint en aneren 10 Euro-Schäin tauschen, respektiv géint 2 aner 5-Euro-Schäiner. Dëst kann eben, wéi och z.B. Bitcoine, géinteneen getosch ginn. Bei engem NFT geet dat net, well dëst en eenzegaarteg Link op en digitaalt Konschtwierk ass, dat net kann géint eppes anescht getosch ginn. D'Bild Mona Lisa zu Paräis gëtt et jo och just eemol a kann net géint eng geprinte Versioun oder eng gemoolte Kopie getosch ginn. D'Bild ass eenzegaarteg.