D'Funktioun gëtt aktuell schonn an den USA getest, huet Instagram um Donneschdeg matgedeelt.

Dofir schafft ee mat der brittescher Startup Yoti zesummen, déi en Algorithmus fir d'Erkenne vu Gesiichtszich entwéckelt huet.

D'App fuerdert Userinnen a User zanter dem leschte Joer op, de Gebuertsdatum unzeginn a verlaangt dofir och eng Bestätegung, zum Beispill eng Carte d'identité. Ween d'Fro reegelméisseg ignoréiert, deem säin Account gëtt gespaart, seet Instagram. Verschidde Contenue sinn och eréischt ze gesinn, wann een iwwer 18 Joer al ass.

Wärend dem Test an den USA kënnen d'User sech elo och filmen an de Video dann un den Instagram-Mammekonzern Meta schécken. Yoti schätzt dann den Alter. D'Startup gëtt un, dass d'Feelermarge bei de Leit tëscht 13 an 19 Joer bei ongeféier 1,5 Joer läit.

Fir Instagram notzen ze dierfen, muss een op d'mannst 13 Joer al sinn. Vill Kanner gi sech awer als vill méi al aus. Instagram kritt dacks virgeworf, net genuch fir d'Protektioun vu Mannerjäregen ze maachen.