D'Zwillingssonden, déi schonn zanter 45 Joer ënnerwee sinn, sinn déi mënschegemaachten Objeten, déi am wäitste vun der Äerd ewech sinn.

Wäit, méi wäit, "Voyager": Nach ni ware mënschegemaachten Objeten esou wäit vun der Äerd ewech wéi déi zwou Sondë vun der US-Raumfaartagence Nasa. Zanter ronn 45 Joer sinn "Voyager 1" an "Voyager 2" elo schonn ënnerwee. Antëscht hunn déi zwee d'Heliosphär vun der Sonn verlooss a sinn a Regioune virgedrongen, déi ni virdru vun enger Raumsonde entdeckt goufen.

Ma déi wäitste Rees vun der Raumfaartgeschicht schéngt sou lues op en Enn ze goen: Déi onbemannte Sondë fléien zwar nach a schécken och weiderhin Donnéeën, ma an de leschten dräi Joer hunn déi zoustänneg Wëssenschaftler vun der Nasa schonn eng Rei Instrumenter u Bord ofgeschalt, fir déi verbleiwend Energie ze strecken. D'Kraaft vun de Sonden hëlt nämlech vu Joer zu Joer of an doru musse sech d'Ingenieuren upassen. Dofir musse si dacks Joerzéngten al Dokumenter liesen a fréiere Nasa-Ingenieure kontaktéieren.

Donieft hunn d'Wëssenschaftler bei der "Voyager 1" mat engem Date-Problem ze kämpfen. D'Sonde schéngt zwar normal ze funktionéieren, ma de Kontrollsystem géing ganz ënnerschiddlech Donnéeën uweisen. "Esou ee Mystère ass zu dësem Zäitpunkt vun der Missioun keng Iwwerraschung", sot d'Chef-Wëssenschaftlerin Suzanne Dodd. "D'Sonde si scho bal 45 Joer al, vill méi wéi d'Organisateure vun der Missioun jee erwaart hätten. A mir si méi wäit wéi d'Heliosphär vun der Sonn - eng Ëmgéigend mat héijer Stralung, an där kee Raumschëff jee geflunn ass. Fir d'Ingenieure gëtt et also grouss Erausfuerderungen."

Ufanks war d'"Voyager"-Missioun op véier Joer ugeluecht. Haut gëllt se als eng vun den erfollegräichsten an der Geschicht vun der Nasa. Den 20. August 1977 war d'"Voyager 2" gestart, hir Zwillingsschwëster "Voyager 1" kuerz drop de 5. September 1977.