Wéinst Onkloerheeten iwwer d'Unzuel vu Fake-Profiller op der Plattform huet den Elon Musk de Kaf ofgeblosen.

Den Tesla-Chef Elon Musk wëll d'Internet-Plattform Twitter elo awer net kafen. Dat schreiwe seng Affekoten an engem Bréif un d'US-Boursen-Opsiicht. Twitter huet doropshin annoncéiert, wëlle juristesch géint de Musk virzegoen.

Den Elon Musk reprochéiert Twitter eng Rei Accorden, déi am Kader vun der Reprise negociéiert gi waren, gebrach ze hunn. Zum Beispill géif et méi gefälschte Notzer-Konten op Twitter ginn, wéi d'Plattform selwer ugëtt. Twitter hat schonn e puer Mol erkläert, dass d'Zuel vu Fake-Konten ënnert 5 Prozent géif leien. Observateure gesinn d'Annonce vum Musk als Versuch, fir den Aktie-Präis no ënnen ze drécken.

Den Elon Musk hat uganks méi wéi 54 Dollar pro Aktie, dat heescht ronn 44 Milliarden Dollar, gebueden. No der Annonce vum Réckzuch vum Musk ass de Präis vun de Parten ëm méi wéi 6 Prozent gefall.

Twitter huet iwwerdeems annoncéiert, de Réckzuch vum Musk net wëllen z'acceptéieren. Sollt hien d'Entreprise net zum negociéierte Präis kafen, géif Twitter domat viru Geriicht goen. Ausserdeem hate béid Säiten en Accord ënnerschriwwen, dass si alle béid eng Milliard Dollar Strof misste bezuelen, sollt den Deal um Enn awer net zustane kommen.