Eigentlech hat Netflix eng héich Baisse un Abonnenten gefaart. Ma lo sinn awer net esou vill Leit ofgesprongen - vläicht wéinst enger bestëmmter Serie.

Vun Abrëll bis Juni, also am leschte Quartal, ass d'Zuel vun den Abonnementer "nëmmen" ëm 970.000 erofgaangen, wéi d'US-Entreprise en Dënschdeg matgedeelt huet. Am Abrëll war Netflix nach dovun ausgaangen, eng zwou Millioune Clienten ze verléieren. D'Aktionären dierfte sech deemno doriwwer freeën, datt d'Baisse net esou grouss ausgefall ass. Dat gesäit een och op der Bourse, wou d'Netflix-Aktie knapp zéng Prozent zougeluecht huet. Dat no enger Baisse vu bal zwee Drëttel vum Aktië-Wäert am leschte Joer.

Ma trotzdeem bleift de Streaming-Déngscht mat Bléck op d'Zukunft verhalen. Fir dat nächst Joer rechent Netflix nämlech nëmme mat ronn enger Millioun neie User. Analysten hate sech do mat 1,84 Milliounen scho méi erwaart. Ënnert dem Stréch huet Netflix am leschte Quartal 1,44 Milliarden Dollar verdéngt, dat Joer virdru waren et 1,35 Milliarden.

Ënnert anerem kéint den Hype ëm d'Serie "Stranger Thing" dozou bäigedroen hunn, d'Streaming Plattform virum Schlëmmste gerett ze hunn. Déi véiert Staffel vun der Serie war Netflix no nämlech déi beléiftste Staffel, déi den Déngscht jee ausgestraalt huet, op d'mannst op Englesch.