D'Onlineplattform erkläert d'Baisse mat engem allgemenge Réckgang bei den Onlinepublicitéiten an der Ongewëssheet doriwwer, ob den Elon Musk Twitter keeft.

Dësen hat jo am Abrëll annoncéiert, Twitter fir ronn 44 Milliarden Dollar wëllen ze kafen. Nëmmen e puer Woche méi spéit huet hien den Deal eesäiteg ausgesat an uganks Juli ganz annuléiert. Twitter geet aktuell juristesch géint den Elon Musk vir a wëll hie forcéieren, d'Firma zum negociéierte Präis ze kafen.

Alles an allem huet Twitter no der éischter Hallschent vum Joer eng Perte vun 270 Milliounen Dollar gemaach. Dat no engem Benefice vu knapp 66 Milliounen ëm déi selwecht Zäit zejoert.