Den Online-Handelsris Amazon wëll 61 Dollar pro Aktie vum Hiersteller vum Staubsauger vun der Mark Roomba bezuelen an deem seng Scholden iwwerhuelen.

Dat huet Amazon e Freideg matgedeelt. Iwwer Joren hätt d'Ekipp vun iRobot hir Fäegkeeten ënner Beweis gestallt, nei z'erfannen, wéi Mënsche mat Produite botze kënnen, déi immens praktesch an erfinderesch sinn, sou den Amazon-Vizepresident Dave Limp.

D'Firma, déi am US-Bundesstaat Massachusetts hire Sëtz huet, entwéckelt Smart-Home-Applikatiounen a fuerscht am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz. Beräicher, un deenen Amazon besonnesch interesséiert ass. Déi geplangte Reprise "stäerkt den Interessi an d'Maartpositioun vun Amazon an der Robotik souwéi der Automatiséierung am Doheem a mécht de strategesche Wäert vu kënschtlecher Intelligenz däitlech", sou nach den Analyst Colin Sebastian.

D'Reprise muss just nach vun den Aktionären an der Opsiichtsagence accordéiert ginn.